De Samschde 27 Abrëll war zu Gréiwemaacher déi 3ten Editioun vum Maacher Oldtimer-Dag, organiséiert vun der Stad Gréiwemaacher an der Lëtzebuerger Oldtimerfederatioun. Maacher Foussgängerzon, Moartplaz an de Parking Laangwiss ware fir Oldtimer, Youngtimer an een oder den anere Stand reservéiert.