· 

Car-Sonndig - Oldtimer om Moart

Um Ouschtersonndeg steet am Kalenner vun all Oldtimer- a Youngtimerfan ee mëttlerweil traditionellt Treffen um Programm: de Car-Sonndig-Oldtimer um Moart. Dëst Joer war Maartplaz erëm gutt gefëllt mat villen schéine Gefierer déi Visiteure bestaune konnten. Awer net nëmmen op der Maartplaz mee och nach an de Stroossen ronderëm Maartplaz stoungen Oldtimer a Youngtimer fir ze bewonneren. Organisatioun war och dëst Joer erëm virbildlech, Oldtimer a Youngtimerfuerer sinn op hier Parkplaz guidéiert ginn an esou war Maartplaz och ëmmer gutt voll. Et ware wéi all Joer ganz vill Visiteure komm fir en Tour duerch déi historesch Stad ze maachen a gläichzäiteg flott Gefierer ze kucken an iwwert al Zäiten ze diskutéieren oder Bensinsgespräicher ze féieren. Och mir ware vu Moies u fir iech am Asaz an hunn iech vun deene schéinen Oldtimer a Youngtimer Fotoen matbruecht.