Zesumme mam Ciné Sura an Pièces automobiles Claes Laurent organiséiere mir den 01/06/2024 een Oldtimer kino zu Iechternach. Dir hutt entscheet dass mir deen Owend dem Andy Bausch säi Film "Troublemaker" spillen. De Film start géint 22.00 Auer awer mir kënnen eis schonn ab 17.00 Auer um Site treffe fir zesummen eppes ze Drénken, Ze Iessen an ze schnëssen. Wann dir keen Radio an ärem Oldtimer hutt ginn et zwou Méiglechkeeten: entweder dir bréngt en Radio mat oder dir lauschtert iwwert Lautsprecher déi den Ciné Sura extra organiséiert huet. Wann mir en puer Deeg virdrun gesinn dass et vill reent, kontaktéieren mir iech per Mail fir iech Bescheed ze soen dass dir dann och mat dem Alldagsauto kënnt kommen. Den Event kascht 25 Euro pro Oldtimer, egal op dir eleng, zu Zwee oder zu méi kommt.
@Cine Sura / Pierre Weber