Wei all Joer op Christi Himmelfaart huet den ACL hire Classic Tour duerch eist Land a Grenzregioun organiséiert. Start fir all Gefierer war Moies beim ACL zu Bartreng wou och vill Visiteuren Autoe bestaune konnten.
Um 08.30 Auer goufe Participante vum Ed Goedert gebrieft, kruten den Dagesoflaf erkläert an den Tour kuerz beschriwwen iert et dunn um 09.00 Auer un de Start gaangen ass.
Zenter 17 Joer organiséiert den ACL op Christihimmelfahrt hiren ACL Classic Tour duerch Lëtzebuerg.
Dëst Joer waren 122 Young- an Oldtimer ugemellt fir een Tour duerch ganz Land ze maachen. Moies ass et lass gaangen zu Bartreng beim ACL wou jidderee Kaffi, eng Mëtsch an och „Roadbook“ krut.
Déi 16ten Editioun vum ACL Classic Tour wor en Tour an der Groussregioun Lëtzebuerg vun 260 km mat 120 aalen Autoen um Depart. Deen eelsten Auto dëst Joer war ee Bugatti vun 1937.