Et ass mëttlerweil bei jidderengem bekannt dass den éischte Weekend am August zu Stengefort de Vintage Cars & Bikes vun de
Mechanical Freaks stattfënnt. Wierder huet dëst Joer den 3 a 4 August och matgespillt obwuel et Sonndes Moies op eisem Stand bëssen naass ginn ass. Op deenen zwee Deeg verdeelt waren ongeféier 600 Oldtimer um Site an och vill verschidde Verkafsstänn.
Wann et eppes gëtt wat mir net kenne beaflossen dann ass dat Wierder: leider war de Weekend vum 05 a 06 August net esou schéi Wierder a genau op déi zwee Deeg ass de Vintage Cars & Bikes Stengefort gefall. Samschdes war et nach eenegermoossen dresche bis an de spéiden Nomëtteg eran, esou dass déi meescht Gefierer déi mam LOF Oldtimer fir den Télévie matgefuer sinn nach ...
Endlech nees Vintage Cars & Bikes zu Stengefort vun de Mechanical Freaks Steinfort. De Weekend vum 06 a 07 August war no zwee Joer Paus erëm ganz Stengefort op de Been fir beim Vintage Cars & Bikes dobäi ze sinn. Mat enger néier Locatioun hannert der Gemeng am Park bis bei déi Al Schmelz war de Site riseg grouss an ee flotten Trëppeltour fir all Visiteuren.
De Samschden 30 Mee hunn Amal an d'Oldtimer Gecken Ruedt ausgemaach zesummen een Tour duerch den Westen vum Land ze fueren. Virkrich Motoen vun der Amal sinn als éischt lass gefuer fir eng an eng hallef Stonn méi spéit zu Randschelt Mëttegpaus ze maachen.
Nom grousse Succès vum lëschte Joer hunn Vintage Frënn Munneref mat der Associatioun Wonschstär och dëst Joer hiert zweet "Wonschstär Vintage Treffen" organiséiert. All Gefierer waren op dem flotte Site am Zentrum vu Munneref bei der Schoul häerzlech wëllkomm. De Mustang Club Lëtzebuerg war direkt mat enger ganzer Flott Autoe vun all Alter vertrueden an och en puer Oldtimer aus eisem Nopeschland haten de Wee op Munneref fonnt.
Fir déi 6ten Kéier hunn sech Oldtimerfuerer aus Lëtzebuerg, Frankräich an Däitschland deen éischte Weekend am August op de Wee Richtung Stengefort gemaach. Invitatioun koum och dëst Joer erëm vum "Vintage Cars & Bikes Mechanical Freaks Stengefort" ...
De Sonnden 24 Juni hunn Vintagefrënn vu Munneref zesummen mat der Fondatioun Wonschstär hiren éischten Oldtimermeeting organiséiert.
Bei der Sportshal Roll Delles zu Munneref waren den ganzen Dag all Oldtimer, Motorrieder an Trakteren wëllkomm fir ee flotten Dag mateneen ze verbréngen.
De Vintage Mustang Club of Luxembourg huet de Weekend vum 14 a 15 Oktober op hiert internationaalt Ford Mustang Meeting agelueden.
Um Parking vun den Däichhalen zu Ettelbréck koumen all Mustangfans op hier Käschten