Mir waren erëm um Tour, dës Kéier mam Käferclub am Norde vum Land. Den Nationalfeierdagstour goung lass zu Ettelbréck bei den Däichhale mat engem Tëschestopp um Parking vum Niklosbierg an um Camping du Barrage zu Stolzembuerg fir als Ofschloss zu Klierf am Restaurant Les Ecuries du Parc zesummen z'iessen.
Dëst Joer ware mir beim Fiat 500 Club Lëtzebuerg de Depart vun hirem Fréijoerstour fotograféieren. De Sonnden 12 Mee ass et Moies beim Autopolis zu Bartreng lass gaangen an no engem schéinen Tour duerch eist Land ass Randonnée dunn zu Schengen am Chalet mat engem gudden Iessen op en Enn komm. Vill Spaass mat eiser klenger Fotostreck.
De Sonnde 5 Mee war déi éischt Ausfaart fir dëst Joer vum Vespa Club Roude Léiw. Mir waren duerch Zoufall dobäi wei ee puer nach als Ofschloss vum Primaveratour am Vespanascht ukomm sinn a mir hunn dunn och profitéiert eis en bëssen an dem flotten Nascht ëmzekucken an en puer Fotoen ze maachen. Merci dem Dan a senge Membere fir deen interessanten Abléck an Vespanascht.
Stengefort kennt net zur Rou: Nom Vintage Cars & Bikes Steinfort an dem Breakfast lëscht Woch war et de Weekend vum 25+26 August den Alfa Romeo Club deen op hiren Italian Car Days invitéiert huet.
Méi wei 100 Ford Capri vun net manner wei 7 Natiounen hunn sech de Weekend vum 10-12 August mat de Capri Frënn Lëtzebuerg an den Däichhalen zu Ettelbréck getraff.
Deen 2ten European Ford Revival stoung ganz am Zeeche vu Gebuertsdag feieren: den Ford Capri krut 50 Joer.
De Sonnden 15 Juli gouf et eppes ze feieren: op den Dag genau virun 30 Joer ass de Käfer Club Lëtzebuerg gegrënnt ginn. De Club huet fir dëse spezielle Gebuertsdag een Oldtimertreffen zu Iechternach um Parking "Kack" organiséiert. Iwwert de ganzen Dag gouf et Animatioun, Iessen an Drénken an déi vill Visiteure konnte flott Gefierer bestaunen.
Eng ronn 30 Fiat 500/600 an 125, summerlech Temperaturen an eng flott Streck duerch Lëtzebuerg an Däitschland waren déi perfekte Mëschung fir dem Fiat 500 Club hire Fréijoerstour. Lass goung et de Sonnden de Moien 06.05 bei der Garage Autopolis mat engem Frühstück fir gestäerkt un den Depart Richtung Musel ze fueren.
De Let'z Bug Club presentéiert vum 10 bis den 21 Abrëll eng VW Oldtimerausstellung an der Belle Etoile. Clubmemberen haten sech de Sonnden de Moien fréi op de Wee gemaach fir am ganzen 14 Autoen an de Shoppingzenter ze féieren.
Vum Ovali Käfer, Karmann Ghia, T1 Samba Bus bis zum T2 Westfalia ginn Visiteure matgeholl op eng Rees duerch Zäitgeschicht vun VW.
Et war déi éischte Kéier dass dësen Event am Zentrum vun Stroossen stattfonnt huet. Mat mei wei 450 Gefierer war dëst Treffen ee vollen Erfolleg an och den Rotary Indian Summer an den ACL Hierscht Tour hun een Stop um Stroossen Classics gemaach.
Schonn fir déi 6ten Kéier huet den „British sports car owners“ hiren Oldtimerrallye „Night of the long knives“ organiséiert.
Den Samschden 15 Oktober vun 18 bis 23 Auer hunn am ganzen 51 Autoen un enger flotter Rallye duerch den Westen vum Land deelgeholl. Lass goung et beim Restaurant-Pizzeria il Tartufo zu Capellen iwwert Koplescht, Briddel, Stengefort erop op Buerschdref an Brouch. Arrivée war erëm beim Restaurant fir zesummen bis an Nuecht eran ze feieren an ze schnëssen.