De Freiden 28.06 war zu Walfer bei eisem Sponsor Lio's Burger deen éischten Afterwork vun der Saison. Och 2024 schéngt Konzept vum Afterwork mat leckere Burgeren, live Musek an dës Keier och mam Foodtruck Amore al dente opzegoen: vill Autobegeeschterter hunn sech niervt der Q8 getraff fir e relaxen Owend bei schéinem Wierder mateneen ze verbréngen. Mir waren och bei de Lio an hunn iech e puer Fotoe matbruecht.
Bei eisem Sponsor Lio's Burger war de Freiden 15 September dee lëschten Afterwork vun der Saison. Ab 17.00 Auer konnten sech all Youngtimer an Oldtimer beim Lio zu Bäreldeng afanne fir zesummen an de Weekend eran ze starten.
Dee lëschten Afterwork vir dës Saison bei eisem Sponsor Lio's Burger zu Walfer: ab 17 Auer hunn sech Oldtimer a Youngtimer getraff fir flott Bensinsgespréicher ze féieren an ee gudde Burger vum Lio ze iessen.
Afterwork bei eisem Sponsor Lio's Burger, dësen Event steet fir flott Oldtimer a Youngtimer, spannend Gespräicher, Live Musek an déi beschte Burger aus ganz Lëtzebuerg. Vill Leit sinn dem Lio's Burger...
Deen lëschten Afterwork vun der Saison war de Freiden 18 Oktober zu Leideleng bei Capital at Work an engem geheitsten Zelt. An wei soll et anescht sinn wann de Pit eppes organiséiert: déi puer Stonne vum Afterwork huet et tatsächlech opgehale mat Reenen a souguer Sonn koum eraus fir Oldtimer Saison ofzeschléissen. De Foodtruck "Amore al Dente" huet dofir gesuergt dass keen hongereg heem gaangen ass.
Am Kader vum 5ten Afterwork vu Stroossen Klassiks ass Den Dem Café de Freiden 19 Juli vun ongefeier 100 Oldtimer iwwerrannt ginn. Bei dem schéine Wierder hunn Léit profitéiert fir ee Patt drénken ze kommen an ee gemittlechen Owend zesummen ze verbréngen. Fir Gegrills a Fritten war Associatioun Krea Keespelt-Meespelt zoustänneg.
De Freiden 21 Juni war beim Oldtimerbus Georges Carbon de Stroossen Klassik hiren Afterwork. Op engem impressionnante Site haten sech eng Rei Oldtimerfuerer getraff fir ee relaxen Owend mateneen ze verbrénge wei dir op eise Fotoen kënnt gesinn.
Als lokale Veräin vu Leideleng hu mir natierlech net dierfte feelen um Stroossen Klassik hirem 3ten Afterwork vun der Saison bei Capital at Work. Organisatioun vun dësem Event war dank der Equipe vu Stroossen Klaasik an Zesummenaarbecht mat Capital at Work wei ëmmer top.
Bei eisem Sponsor LL Classic Cars war de Freiden 19 Abrëll eng weider lass: Stroossen Klassik a.s.b.l. huet op hiren zweeten Afterwork vun der Saison invitéiert. Et war eng Erausfuerderung esou een Event matzen an der Stad ze maache mee mat Hëllef vun der BIL war den Oldtimerparking....