Dëst Joer war dee lëschte Breakfast vun der Saison déi éischte Kéier beim Familljebetrib Lettrage Langehegermann zu Ehlerange. Et war ee wonnerschéine sonnegen Hierschtmoien a vill Oldtimer- a Youngtimerfuerer hu vun dëser Geleeënheet profitéiert fir sech an op ee gutt Früstück beim Tom, senger Famill a senge Mataarbechter ze treffen. Mir kënnen iech net genau soe weivill Gefierer do ware mee et waren der vill wei dir och op eisen Dronenfotoen kënnt gesinn.
De Retro-Mobile am Haneboesch zu Nidderkuer war och dëst Joer e vollen Erfolleg. De Sonnden 22.09 waren iwwer 300 Gefierer zesumme komm fir bei wonnerschéinem Wierder ee flotten Dag zesummen ze verbréngen. Den BMW Club Lëtzbuerg war souguer mat méi wei 20 Oldtimer a Youngtimer vertrueden.
Dëst Joer, de 15 September, huet den zweete Breakfast beim Marc Pesch s.a.r.l. an hirem Atelier zu Käerjeng op en neits fir Opmierksamkeet gesuergt. No dem grousse Succès vum vergaangene Joer, wou den Atelier fir d'éischte Kéier an e Breakfast gemaach huet, war d'Erwaardung héich – an och dëst Joer goufen d'Léit net enttäuscht.
Et ass elo 80 Joer hier, dass Beetebuerg no Joeren vun Ënnerdréckung d'Fräiheet erëmkritt huet. Den 11. September 1944 huet d'amerikanesch Arméi Beetebuerg befreit a fir dëst historescht Evenement ze gedenken, hat Gemeng Beetebuerg Militärween gefrot fir un de Festlechkeeten deelzehuelen, déi vum 13. bis de 15. September 2024 bei der Kierch zu Beetebuerg organiséiert goufen.
No enger Paus vu 4 Joer war dëst Joer endlech erëm den Us Car Festival zu Stadbriedemes. Op dem wonnerschéine Site laanscht Musel haten Road Runners de Weekend vum 14 a 15 September all amerikanesch Gefierer op e flotte Festival invitéiert. Den Entrée war gratis a Visiteuren a Participante krute vill gebueden:
Den 11 August war am Hafe vu Schwéidsbeng fir déi éischte Kéier den "Schengen Marina Classic Car Event". Zesumme mat der Gemeng Schengen huet den Nautic'Ham Classics by JPR Classic Car Events ee super flott Treffen organiséiert. Platz wou fréier ëmmer ee Camping war gëtt elo vun der Gemeng genotzt fir speziell Eventer ze organiséieren.
Et ass mëttlerweil bei jidderengem bekannt dass den éischte Weekend am August zu Stengefort de Vintage Cars & Bikes vun de
Mechanical Freaks stattfënnt. Wierder huet dëst Joer den 3 a 4 August och matgespillt obwuel et Sonndes Moies op eisem Stand bëssen naass ginn ass. Op deenen zwee Deeg verdeelt waren ongeféier 600 Oldtimer um Site an och vill verschidde Verkafsstänn.
De Sonnden 28 Juli war zu Berbuerg déi zweet Editioun vum Classic Car Day
Berbuerg. Ronderem de Centre Beaurepaire waren Oldtimer a Youngtimer ausgestallt. E puer Verkafsstänn a Catering hunn och net dierfte feelen. Eng 200 Gefierer waren den Dag iwwer do an den CVC Berbourg huet alles gutt organiséiert. Vill Spaass mat eiser Fotoreportage.
Et war déi éischte Kéier dass den RMF (Recycled Motorized Force) den Hullabaloo at the Lake organiséiert huet. De Weekend vum 05-07 Juli waren all Hotrod, Kustom Cars, Harley & Indian Showcase Fans aus ganz Europa hei vir a Frankräich op de Camping Malling invitéiert fir ee flotte Weekend mateneen ze verbréngen.
Den éischte Samschden am Juli ass fest reservéiert fir de Grand Prix de Bettembourg, organiséiert vum Lions Club Luxembourg an dem Sporting Club Luxembourg. De klenge Rallye deen nëmme Samschdes Mëttes stattfënnt fir all Sportcars, Oldtimer a Youngtimer ass ëmmer komplett ausgebucht.