De Weekend vum 10-12 November ass endlech erëm International Moto Show an der Luxexpo um Kierchbierg. An ganzen 3 Halen kann en villes gewuer ginn iwwert den nationalen an internationalen Motosport.
Zu Biissen am Atelier carrosserie De Cock war de Sonnden 15 Oktober dee lëschten LOF Oldtimer Breakfast vun der Saison. De Familljebetrib besteet schonn zënter 26 Joer an ass drop spezialiséiert Oldtimer ze restauréieren an all Zorten Autoen ze reparéieren.
An der Industriezone zu Käerjeng war de Sonnden 17 September deen éischte Breakfast beim Marc Pesch s.a.r.l. an hirem Atelier. Garage wou Planen fir Camione gemaach ginn war kuerzerhand ëmfunktionéiert ginn als klenge Restaurant mat engem leckere Frühstücksbuffet, Dëscher a Sëtzgeleeënheeten.
Bei eisem Sponsor Lio's Burger war de Freiden 15 September dee lëschten Afterwork vun der Saison. Ab 17.00 Auer konnten sech all Youngtimer an Oldtimer beim Lio zu Bäreldeng afanne fir zesummen an de Weekend eran ze starten.
De Sonnden 10 September hate mir ee Stand um Retro-Mobil zuNidderkuer am Haneboesch. Et war wei ëmmer ee flotten Dag a mir konnten vill Fotoen maachen vun deene villen Oldtimer.Gläich zwee Sponsore vun eis waren och um Retro-Mobil vertrueden: VIP Station an Actionwear.
Wow wow wow, wat ee gelongenen Oldtimer Brunch bei eisem Sponsor 'Bye Tun'. Ganz Uelzecht Strooss war voller schéiner Gefierer an natierlech waren och vill Visiteuren op Esch kucken komm.
De Samschden 12.08 war zu Péiteng den "Start your Engine". Leider war Treffen deen Dag zimmlech an Waasser gefall a mir konnte leider just Moies op Péiteng fueren. Duerch de ville Reen konnten Oldtimer sech och net op Wiss stellen dofir stoungen se all um Parking.
De Samschden 12 August ware mir vun der AMAL (Anciennes motos au Luxembourg) op hieren tradidionnellen Tour "Am alen Zwier" invitéiert fir Fotoen ze maachen. Et ass ëmmer erëm flott mat deenen ale Motoen vun virun 1950 a mat deenen alen Trakteren ënnerwee ze sinn. Dëst Joer war den Depart an och de Briefing am Musée Thillenvogtei zu Randschelt.
De Sonnden 12 August 2023 war et erëm sou wäit: den "Collectionneurs de véhicules militaires Steesel" hat hiren traditionelle groussen 13ten internationale Meeting am Centre de Loisirs Nobert-Melcher zu Steesel.
Wann et eppes gëtt wat mir net kenne beaflossen dann ass dat Wierder: leider war de Weekend vum 05 a 06 August net esou schéi Wierder a genau op déi zwee Deeg ass de Vintage Cars & Bikes Stengefort gefall. Samschdes war et nach eenegermoossen dresche bis an de spéiden Nomëtteg eran, esou dass déi meescht Gefierer déi mam LOF Oldtimer fir den Télévie matgefuer sinn nach ...