Artikel mit dem Tag "2020"



Auto Kierfecht Kyrkö Mosse
2020 · 26.12.2020
Wei mir am November an Schweden an Vakanz waren, huet natierlech een Besuch op deenen 2 gréissten Auto Kierfechter net dierften feelen. Als éischt waren mir nieft der Uertschaft Ryd op den Auto Kierfecht „Kyrkö Mosse“.

2020 · 27.09.2020
Den 2ten Grand-Prix de Bettembourg organiséiert vum "Lions Club Luxembourg" war dëst Joer bedéngt duerch de Covid 19 op de Samschde 26 September verluecht ginn. Eng Ronn 50 Oldtimer, Youngtimer a Sportsautoen haten sech Mëttes um 13.30 Auer bei der Kierch zu Beetebuerg Rendezvous ginn.

2020 · 13.09.2020
Am Zentrum vu Bartreng war den 13.11 Moies vun 09.00-12.00 eng weider lass: ee Meet and Great fir 110 Joer Alfa Romeo. Ageluede waren all Alfa Romeo Fuerer, egal op Oldtimer, Youngtimer oder modern Autoen.

2020 · 12.09.2020
Ee klengt familliärt Treffe war de Freiden den 11.09 zu Bartreng am Restaurant Boonchu zu Bartreng. Ënnert dem Motto "Friendship Classic Car Meeting" haten sech Oldtimerfrënn getraff fir ee schéinen a relaxen Owend mateneen ze verbréngen.

2020 · 05.09.2020
Natierlech dierfen och Oldtimer an eiser Vakanz net feelen an dofir si mir Freides de 4 September op Monaco an de Musée "Collection de Voitures Anciennes de S.A.S." gefuer.

2020 · 24.08.2020
De Sonnden 23 August war déi drëtt Editioun vum Stroossen Classic Summer Tour. Depart war dëst Joer bei Autopolis zu Bartreng wou sech déi bal 60 Oldtimer a Youngtimer getraff hunn fir ee schéinen Tour duerch eis Land ze maachen. Mëttespaus war op der Wemperhaart an Arrivée war um Lampertsbierg wou dunn am Restaurant Porta Nova Ofschlossiesse war.

2020 · 16.08.2020
Endlech emol erëm een Oldtimertreffen: de Samschden 15 August huet de Retro Cars Péiteng sech getraut ënnert Berécksiichtegung vun allen sanitäre Reegelen hiert Treffen "Start your Engine 2.0" stattfannen ze loossen.

2020 · 03.08.2020
Ënnert dem Motto "D'Stad lieft" war den Donneschden 30 Juni am Autokino um Glacis ee besonneschen Owend fir all Oldtimerbesëtzter geplangt. Zesumme mat der LOF an der Cinémathèque ass de Klassiker "Le Gendarme de Saint-Tropez" op der grousser Leinwand gespillt ginn.

2020 · 28.06.2020
Zesumme mam Autokino Mamer huet LOF de Sonnden 28.06 een Oldtimer Kinosowend organiséiert. Mam Film "the Great Race" gouf um 21.00 Auer op der grousser Kinoleinwand um Parking vum Bauhaus ee richtege Klassiker gewisen. Eng Ronn 40 Young an Oldtimer haten sech Ticketen geholl.

2020 · 24.06.2020
Mir waren erëm um Tour, dës Kéier mam Käferclub am Norde vum Land. Den Nationalfeierdagstour goung lass zu Ettelbréck bei den Däichhale mat engem Tëschestopp um Parking vum Niklosbierg an um Camping du Barrage zu Stolzembuerg fir als Ofschloss zu Klierf am Restaurant Les Ecuries du Parc zesummen z'iessen.

Mehr anzeigen