· 

Retro-Mobile

De Retro-Mobile am Haneboesch zu Nidderkuer war och dëst Joer e vollen Erfolleg. De Sonnden 22.09 waren iwwer 300 Gefierer zesumme komm fir bei wonnerschéinem Wierder ee flotten Dag zesummen ze verbréngen. Den BMW Club Lëtzbuerg war souguer mat méi wei 20 Oldtimer a Youngtimer vertrueden. Organisateuren haten de Catering an Bün mat der Musek ënnen op de Parking gestallt wat bei de Visiteuren an Oldtimerfuerer gutt ukomm ass. E puer Verkafsstänn waren och um Parking an och an der Strooss verdeelt. Et war eng super Stëmmung a Visiteuren hate vill ze bestaunen. Mir waren och fir iech op der Platz an hunn iech e puer Andréck matbruecht.