· 

80 Joer Fräiheet !

Et ass elo 80 Joer hier, dass Beetebuerg no Joeren vun Ënnerdréckung d'Fräiheet erëmkritt huet. Den 11. September 1944 huet d'amerikanesch Arméi Beetebuerg befreit a fir dëst historescht Evenement ze gedenken, hat Gemeng Beetebuerg Militärween gefrot fir un de Festlechkeeten deelzehuelen, déi vum 13. bis de 15. September 2024 bei der Kierch zu Beetebuerg organiséiert goufen. Militärween konnten och bei der Kierch iwwernuechten a Samschdes Moies sinn se dunn am Cortège als éischt bei den amerikaneschen Ambassadeur gefuer éier se sech dunn all bei der Kierch getraff hunn. Mir ware fir iech op der Platz fir un dësem speziellen Event deel ze huelen an hunn iech e puer Fotoe matbruecht.

 

www.bettembourg.lu