· 

34. US Car Festival by American Roadrunners Luxembourg

No enger Paus vu 4 Joer war dëst Joer endlech erëm den Us Car Festival zu Stadbriedemes. Op dem wonnerschéine Site laanscht Musel haten Road Runners de Weekend vum 14 a 15 September all amerikanesch Gefierer op e flotte Festival invitéiert. Den Entrée war gratis a Visiteuren a Participante krute vill gebueden: flott amerikanesch Verkafsstänn, Iesse, Drénken a vill Concerte stoungen de ganze Weekend um Programm. Mir ware fir iech Samschdes Mëttes op der Platz an hunn iech e puer flott Fotoe vum Meeting matbruecht.

 

www.road-runners.lu/