· 

LOF Oldtimer Breakfast by Marc Pesch

Dëst Joer, de 15 September, huet den zweete  Breakfast beim Marc Pesch s.a.r.l. an hirem Atelier zu Käerjeng op en neits fir Opmierksamkeet gesuergt. No dem grousse Succès vum vergaangene Joer, wou den Atelier fir d'éischte Kéier an e Breakfast gemaach huet, war d'Erwaardung héich – an och dëst Joer goufen d'Léit net enttäuscht. De Familljebetrib huet erëm säi Kreativitéit bewisen an d'Garage, wou normalerweis Plane fir Camionen hiergestallt ginn, mat vill Léift zum Detail an e gemittlechen Zesummentreff verwandelt. Et war och dëst Joer erëm d'Geleeënheet, den Atelier ze besichen an hannert d'Kulisse vun dësem innovative Familljebetrib ze kucken. Mir hunn erëm vun der Geleeënheet profitéiert, fir eis e Bild vun hirer engagéierter Aarbecht ze maachen. D'Wieder war op en Neits perfekt, a méi wéi 250 Oldtimer a Youngtimer hunn sech dëst Joer versammelt, fir en entspaanten an angeneeme Moien zesummen ze verbréngen. Déi vill begeeschtert Oldtimerfuerer hunn de Moment genoss, wei dir op eise Fotoe kënnt gesinn.

 

pesch.lu

lof.lu