· 

Schengen Marina Classic Car Event

Den 11 August war am Hafe vu Schwéidsbeng fir déi éischte Kéier den "Schengen Marina Classic Car Event". Zesumme mat der Gemeng Schengen huet den Nautic'Ham Classics by JPR Classic Car Events ee super flott Treffen organiséiert. Platz wou fréier ëmmer ee Camping war gëtt elo vun der Gemeng genotzt fir speziell Eventer ze organiséieren. De Site ass immens flott: direkt am Agang gëtt et ee Restaurant mat enger wonnerschéiner Terrasse um éischte Stack. Wann ee mam Oldtimer oder Youngtimer era gefuer ass op de Site huet een direkt e puer flott Verkafsstänn ugetraff. Fir Iessen an drénke war beschtens gesuergt mat Foodtrucken a Veräiner déi gegrillt hunn a Crêpen verkaaft hunn. Wierder war wonnerschéin an dofir waren iwwer 400 Gefierer a ganz vill Visiteuren op den Event komm. De Feedback vun de Léit war nëmme positiv a mir freeën eis elo schonn op deen 2ten Schengen Marina Classic Car Event 2025. Vill Spaass mat eiser Fotoreportage.