· 

Hullabaloo at the Lake

Et war déi éischte Kéier dass den RMF (Recycled Motorized Force) den Hullabaloo at the Lake organiséiert huet. De Weekend vum 05-07 Juli waren all Hotrod, Kustom Cars, Harley & Indian Showcase Fans aus ganz Europa hei vir a Frankräich op de Camping Malling invitéiert fir ee flotte Weekend mateneen ze verbréngen. Verkafsstänn, vill Live Bands, gutt Wierder an ee super Catering hunn dozou bäigedroen dass vill Gefierer awer och vill Visiteuren op dëse flotten Event komm sinn. Mir konnte leider just e Sonnde goen wou schonn vill Léit sech op den Heemwee gemaach hunn. Trotzdeem ass eng flott Fotostreck entstanen a mir sinn elo scho gespaant op den Hullaballoo at the Lake 2.

 

rmf-luxembourg.com/