· 

Classic Day Schetter

Direkt zwee Deeg hannertenee war de Weekend vum 25 a 26 Mee Classic Days Schëtter. Konzept vum lëschte Joer gouf bäibehale mat enger Ausstellung vun aktuellen an ale Rennautoen an engem schéine Parking fir Young- an Oldtimer. Och eise Sponsor Atelier Nic Georges hat ee grousse Stand um Treffen. De Catering gouf mat verschiddenen Stänn a weidere Foodtrucken ausgebaut an den ACL hat eng Kartingspiste mat 2 Elektro Karten opgeriicht wou Kanner an déi Erwuessen teste konnten. Eng Ronn 400 Oldtimer waren de Weekend ronderëm de Centre Culturel "an der Dallt" op Besuch komm. Mir ware fir iech Sonndes dohinner an hunn iech e puer flott Fotoe matbruecht.