Bei eisem Sponsor By Tun Coiffeur an der Uelzechtstrooss war de Sonnde 15/05 deen éischte Breakfast / Brunch vun der Saison. Den Tun a seng Equipe hate fir Kaffi a Mëtsche gesuergt an se hunn déi vill Oldtimerfuerer häerzlech wëllkomm. Et war ze erwaarden dass méi wei 250 Young- an Oldtimer géife kommen an déi hunn natierlech och vill Visiteuren ugezunn. Duerch ganz Uelzechtstrooss stounge lenks a riets schéin a seele Gefierer déi ee bestaune konnt. Fir Mëttegiessen huet dunn Kiwanis gesuergt déi direkt vis à vis vum Tun sengem Coiffeurssalon gegrillt hunn fir de gudden Zweck. Mir waren natierlech fir iech op der Platz an hunn iech vill Fotoen matbruecht, vill Spaass beim Kucken.